Den Twitter-Prozess geet an déi nächst Ronn. Dëst, obschonn en nach guer net ugefaangen huet. De Musk preparéiert sech op eng méiglech Defaite.

Sollt Twitter de Prozess géint de Musk gewannen an hien domadder gezwonge ginn, Twitter z'iwwerhuelen, da wéilt hien duerch de Verkaf vu sengen eegenen Tesla-Aktië verhënneren, datt seng Kapitalpartner, wa si ieren den Deal mat Twitter net géife matgoen, hir Tesla-Aktien an engem sougenannten Noutverkaf verkafe géifen. Esou heescht et an engem Post um Elon Musk senger Twitter-Säit.

Twitter wëll den Elon Musk riichterlech dozou zwéngen, de Betrib awer elo ze kafen. Dëse war dovun allerdéngs ofgesprongen, well Twitter ze vill "Fake-Accounts" hätt, also Konte vun Notzer an Notzerinnen, déi guer net existéiere géifen.

Virun dësem Verkaf hat de Musk schonn eng Kéier Tesla-Aktien am Wäert vun 8,5 Milliarden US-Dollar verkaaft. De ganzen Twitter-Deal, sollt et dann dozou kommen, kéint dem Elon Musk deier ze stoe kommen. Fir 44 Milliarden US-Dollar soll de Betrib da vum Tesla-Grënner iwwerholl ginn.