Enger rezenter Etüd no notzen nëmmen nach 32 % vun de Jonken an den USA tëscht 13 a 17 Joer reegelméisseg Facebook. Am Joer 2015 waren et nach 71 %.

Am Meeschte sinn déi Jonk op Youtube an TikTok ënnerwee. Ganzer 95 Prozent vun den Teenager hunn an enger rezenter Etüd uginn, datt si reegelméisseg déi beléifte Videoplattform notzen. 67 Prozent vun de Jugendleche sinn dacks op TikTok ënnerwee. Mä och Snapchat an Instagram konnten un Zousproch gewannen. 67 Prozent vun de Jugendlecher verbrénge méi wéi 30 Minutten den Dag op Instagram an ëm déi 59 Prozent méi wéi 30 Minutten den Dag op Snapchat.

Et géif sech deemno eng Präferenz vun de soziale Medie jee no Altersgrupp ofzeechnen. Esou gëtt Facebook beispillsweis bei de bësse méi eelere Generatiounen ëmmer méi beléift, wougéint Mënschen iwwert 50 Joer nëmme seelen op Snapchat ze fanne sinn.