Touriste mussen deemnächst net méi d'Descente ofwaarden, fir hir Kilimandscharo-Momenter an de sozialen Netzwierker ze deelen.

An Zukunft kënne Reesender hir Fotoen a Videoe esouguer vu ganz uewen aus posten. De 5895 Meter héije Bierg kritt nämlech eng séier Internetverbindung. Eng Entwécklung, déi den Informatiounsminister Nape Nnauye als historesch bezeechent. Ouni Internet wier et "e bësse geféierlech" um Kilimandscharo gewiescht. Elo géingen "all Visiteuren (...) bis zu dësem Punkt vum Bierg mam Internet verbonne sinn", huet den zoustännege Minister wärend der Aweiung an der Géigend vun den Horombo-Hütte gesot. Bis Enn dës Joers wäert et och um Sommet vum héchste Bierg um afrikanesche Kontinent eng séier Internetverbindung ginn.

De Kilimandscharo ass eng wichteg Akommesquell fir den Tourismus an Tansania an am Nopeschland Kenia. All Joer maache sech eng 35.000 Biergsteiger op de Wee.