Den Ament géif de Risk bestoen, datt Hacker d'Kontroll iwwert d'Apple-Produiten iwwerhuele kéinten an domadder op perséinlech Donnéeën zeréckgräife kënnen.

Vun dësem Sécherheetsrisiko betraff sinn déi aktuell iPhone-Modeller bis den iPhone 6s. Weider réit Apple och, iPad-Modeller a Mac-Computeren ze aktualiséieren.

Doriwwer eraus weist Apple dorop hin, datt ee reegelméisseg seng Geräter aktualiséieren soll. Dëst fir méiglech Sécherheets-Fuitten ze evitéieren.