Den Hit Rhythm Nation gouf als éischt Lidd als Sécherheetslacune agestuuft. Souguer, wann d'Lidd net um Harddisk gespäichert ass, kann dësen ofstierzen.

Nieft hirem talentéierte Brudder Michael Jackson hat och d'Janet Jackson an den 80er an 90er Jore grousse Succès mat Lidder wéi "That's the Way Love Goes" oder "Escapade". Ma hire Song "Rhythm Nation" gouf elo offiziell als Sécherheetsproblem unerkannt. Dat well d'Lidd "erstaunlech Fäegkeeten" huet, wéi de Programméierer Raymon Chen an engem Microsoft Entwéckler-Blog schreift.

"Rhythm Nation" bréngt nämlech Festplacke vu verschiddene Laptoppen zum Ofstierzen - souguer, wann de Laptop nëmmen an der Géigend vun der Toun-Source ass. Grond dofir ass, datt d'Lidd eng natierlech "Resonenzfrequenz" huet, déi mat där vum Harddisk interferéiert a se esou zum Crash bréngt. Den Effekt ass dee selwechten, wéi wann een e Glas duerch en Toun zerstéiert: D'Schwéngung, déi op en Objet mat enger änlecher Frequenz trëfft, reegt eng Verstäerkung vun der Schwéngung un.

Ma d'Entdecker vum Sécherheetsproblem hu schlussendlech eng Léisung fonnt. En Audiofilter, deen een iwwert d'Software installéiere kann, hëlt déi entspriechend Frequenz ewech, wann d'Lidd gespillt gëtt a verhënnert esou d'Ofstierze vun der Festplack. Bei modernen Harddisken nom Joer 2005 ass esou ee Filter awer net méi néideg.