De Geschäftsmann, deen eigentlech Twitter kafe wollt, verlaangt Geriichtsdokumenter no, Ënnerlagen iwwer Fake- oder Spam-Profiller vun der Plattform.

Den Elon Musk refuséiert weider d'Internetplattform Twitter ze kafen a justifiéiert dat en Dënschdeg an engem neie Bréif mat Reprochë vum fréiere Sécherheetschef vun Twitter. Uganks Juli hat den Elon Musk erkläert, Twitter awer net méi wëllen ze kafen, nodeems hien u sech wollt 44 Milliounen Dollar dofir investéieren.

Dës Reprochë géife Saache betreffen, déi och scho virun den Negociatioune mam Elon Musk bekannt gewiescht wieren an deemno och hätte mussen oppe geluecht ginn, esou d'Argumentatioun vum Elon Musk sengen Affekoten. Dozou gehéiere Problemer ënnert anerem bei der Protektioun vun Notzer-Donnéeën.