De Statec huet eng Etüd iwwer Messenger-Déngschter verëffentlecht. Eng Ronn 74% vun den Awunner zu Lëtzebuerg hunn am Joer 2021 esou Déngschter benotzt.

Dobäi gräife méi Frae wéi Männer op d'Messenger-Déngschter zeréck. Hei sti 77 Prozent op de Säite vun de Frae géint 72 Prozent op de Säite vun de Männer. Déi Jonk notzen iwwerdeems Whatsapp & Co. méi dacks, wéi déi méi eeler Generatiounen. Notzen ëm déi 80 Prozent vun de 16 bis 44 Joer ale Mënschen d'Messenger-Déngschter, esou sinn et fir d'Leit, déi méi al wéi 45 Joer sinn, nëmmen ëm déi 60 Prozent.

RTL

© Statec

De beléiftste Messenger-Déngscht zu Lëtzebuerg ass iwwerdeems Whatsapp. 91 Prozent vun de Lëtzebuerger, déi e Messenger notzen, sinn op dësem Déngscht ënnerwee. 65 Prozent notzen dogéint de Facebook-Messenger. Op der drëtter Plaz steet Snapchat mat 20 Prozent. Am mannste benotzt ginn d'Déngschter Telegram (7 Prozent) a Wechat (2 Prozent).