E Méindeg ass eng éischt Kéier eng Blue Origin-Rakéit fir Fuerschungszwecker kuerz nom Start ofgestierzt. Mënsche ware keng u Bord.

Op Twitter huet d'Weltraumagence vum Jeff Bezos e Video publizéiert, op deem ee gesäit, wéi d'Kapsel d'Noutmotore start, fir sech vun der Rakéit ze trennen.

Ronn eng Minutt nom Start op der Blue Origin Basis a West Texas ass déi onbemannte Rakéit ofgestierzt. D'Kapsel mat 36 Experimenter u Bord konnt sech allerdéngs rechtzäiteg trennen an ass mat engem Fallschierm sécher op d'Äerd "zréckgeschwieft". Deemno huet de Rettungssystem "ewéi virgesi funktionéiert", schreift Blue Origin op hirem Site.

Och d'Federal Aviation Administration deelt mat, datt d'Kapsel "sécher gelant" an "de Booster bannent dem ausgewisene Geforeberäich opgeschloen" ass. Ausserdeem wiere "keng Blesséierter oder Schied un ëffentleche Proprietéite gemellt" ginn.

Wéi et heescht wier eng Anomalie opgetrueden, wéi d'Rakéit mat enger Vitess vun 1.126 km/h op enger Héicht vun 8.500 Meter eropgaangen ass.

Et war déi 23. Missioun vum New-Shepard-Rakéiteprogramm vu Blue Origin an déi éischt, déi schif gaangen ass.