Wéi d'international Telekommunikatiounsunioun e Freideg zu Genf gemellt huet, notzen antëscht 5,3 Milliarde Mënschen op der Welt den Internet.

2,7 Milliarde Mënschen dogéint waren och dëst Joer nach ëmmer net connectéiert, 2021 waren et souguer nach 3 Milliarde Mënschen an 2019, also kuerz virun der Corona-Pandemie, 3,6 Milliarden.

De staarke Wuesstem vun de leschte Jore misst onbedéngt bäibehale ginn, fir sécherzestellen, dass jidderee vum Internet profitéiere kann, sou de Generalsekretär vun der UN-Organisatioun, Houlin Zhao. D'Zil, bis 2030 déi komplett Weltbevëlkerung ze vernetzen, wier ouni nei Investitiounen an d'Infrastruktur an zousätzlech Bildungsofferen awer quasi net méiglech.

Der ITU no ginn et zweet Haaptgrënn, wisou et un der weltwäiter Internet-Versuergung hapert: Déi meescht Mënschen ouni Internetzougang liewen an ofgeleeëne Regiounen, déi just schwéier z'erreeche sinn. Dobäi kéim nach de Problem, dass en Internetzougang net bedeit, dass d'Mënschen en och reegelméisseg an effektiv notze kënnen. Dofir gesäit d'ITU direkt e puer Grënn: ze luesen Internet, deier Hardware a Kontrakter, net genuch Knowhow, Problemer mat der Sprooch oder mat der Alphabetiséierung, geschlechtsspezifesch Diskriminéierung oder et feelt ganz einfach un zouverlässege Stroumquellen.