D'EU-Parlament huet um Dënschdeg fir en uniforme Stecker gestëmmt.

An Zukunft mussen an der EU d'Chargeure fir Smartphonen, Tabletten an aner Konsolen en identesche Stecker hunn. D'Europaparlament huet en Dënschdeg de Moie mat grousser Majoritéit gréng Luucht ginn. Et goufe 602 Jo-Stëmmen, 13 Nee-Stëmmen an 8 Abstentiounen.

D'Europadeputéierte hu sech op den Typ USB-C als eenzege Stecker festgeluecht. Ugangs Juni war et en entspriechenden Accord mat de Memberlänner ginn. Dat Ganzt gëllt vum Hierscht 2024 un.

Ënner anerem Apple hat sech massiv géint dës nei Reegelung gestäipt. Den amerikanesche Konzern huet seng Apparater bis ewell mat engem anere Stecker, dee si "Lightning" nennen, equipéiert.