Nom Feelstart vun enger japanescher Weltraumrakéit, ass bei dëser no 10 Minutten de Selbstzerstéierungsmechanismus ausgeléist ginn.

"Mir hunn d'Zerstéierung vun der Rakéit ordonéiert, well wa mir se net an déi vun eis geplangt Ëmlafbunn schécke kënnen, wësse mir net, wou se higoe soll", sou de Responsabele vum Projet Yasuhiro Funo vun der japanescher Weltraumagence Jaxa.

Déi onbemannt Rakéit war aus der Regioun Kagoshima am Südweste vu Japan gestart. Heivunner gouf et och e Livestream, deen no kuerzer Zäit nees gestoppt gouf.

Den technesche Problem hat déi lescht Phas vum Start betraff, wéi de leschte staarken Driff-System sollt gezünt ginn, sou de Funo weider. Jaxa geet dovunner aus, datt d'Deeler vun der Rakéit ëstlech vun de Philippinnen am Mier gelant sinn.

De President vun der Agence Hiroshi Yamakawa huet sech entretemps fir de Feelstart entschëllegt a gesot, et géing hinne "schrecklech Leed doen, datt mir d'Erwaardunge vun der japanescher Bevëlkerung net erfëlle konnten". Déi genee Grënn fir de Feelstart sollen elo ënnersicht ginn.

Fir Jaxa ass et den éischte Feelstart zanter 20 Joer.