Tëscht Leit, déi héieren an deenen, déi näischt héieren, ass et dacks net evident mat der Kommunikatioun, wat och eng bedeitend Aschränkung duerstellt.

Virun allem well déi meescht Leit, déi "héieren", keng Gebäerdesprooch kënnen, esou ass een op Schreiwen a Liesen ugewisen, fir sech ënnertenee besser ze verstännegen. Fir datt eng méi direkt Kommunikatioun méiglech ass, ginn et zënter e puer Joer speziell Brëller, déi dëst ënnerstëtzen. Ee ganz rezenten innovative Projet wäert elo an Zukunft nach besser hëllefen, datt déi Leit, déi daf sinn, sech manner ausgegrenzt fillen. De Brëll mam Numm X-RAI generéiert Ënnertitel vun deem, wat eng Persoun schwätz an Echtzäit, also direkt. Fir déi Betraffe versprécht dëst eng Erliichterung am Alldag.

D'Technologie dohannert berout op AR, der augmented Reality, de Brëll ass mam Smartphone verbonnen, op deem déi passend App installéiert ass. Déi wandelt all geschwate Wuert an Text ëm, an deen ass da bannen am Brëll ze gesinn. Ënnertitel also wéi bei engem Film am Kino, just dass dat hei am reelle Liewen ass, an e ganz reelle Problem léist.