Den iranesche Kommunikatiounsminister Issa Sarepur huet behaapt, geschützt Netzwierkverbindungen (VPN) wiere schiedlech fir Handyen a Computeren.

Méi präzis Erklärungen, firwat dat esou wier, huet hie keng ginn. Dës weidere sot de Sarepur, de Verkaf heivunner wier illegal, och wann dësen aktuell mat kengem offizielle Gesetz bestrooft gëtt.

E Méindeg ass den Issa Sarepur vun der EU mat Sanktioune beluecht ginn, well hien als iranesche Kommunikatiounsminister un der Aschränkung vum Internet am Land soll bedeelegt gewiescht sinn.

Zanter de landeswäite Protester am Iran ass den Internet reegelméisseg gestéiert oder souguer ofgeschalt. Och déi beléift sozial Netzwierker wéi Instagram oder Whatsapp gi gespaart. Dës Spärunge kënnen allerdéngs mat VPN-Verbindungen ëmgaange ginn.

D'Appen heifir sinn illegal, ginn awer iwwerall an der islamescher Republik a Computergeschäfter verkaf. D'Nofro soll Medieberichter no ëm 3.000 Prozent geklomme sinn.