Um Dënschdeg de Moie konnt een deels wärend Stonne keng Noriichte via Whatsapp verschécken oder empfänken.

Et huet eng Zäit gedauert, bis och de Bedreiwer "Meta" sech dozou geäussert huet. Et war dunn awer d'Bestätegung, dass de Problem weltwäit opgetaucht ass, an dass een dru géif schaffen, et sou séier wéi méiglech ze flécken.

Géint 11.20 Auer koumen éischt Meldungen, dass Whatsapp nees plazeweis géif funktionéieren.

Viru genee engem Joer hat de ganze Grupp Facebook, dorënner Whatsapp eng Panne. Déi huet 6 bis 7 Stonnen gedauert.

Wéi scho bei der Pann deemools, gesäit een och elo nees, dass immens vill Leit op Twitter aktiv ginn, fir sech hei ze vergewësseren, dass de Problem net just bei engem eenzelen optrëtt.