Bei der Social-Media-Plattform Instagram schéngt et den Ament eng gréisser Pann ze ginn. Dausenden User mellen deemno, datt hire Kont gespaart gouf.

Dëst ouni Grond an ouni Virwarnung. Op downdetector.com goufen am Nomëtten deemno méi wéi 7.000 Fäll vu Problemer mam Social-Media-Déngscht gemellt.

Op Twitter melle sech eng ganz Rei User, deenen hiren Account gespaart gouf, zu Wuert. Och melle verschidden Notzer en drastesche Verloscht vu Follower.

Instagram selwer huet sech entretemps och scho geäussert an ugekënnegt, de Problem z'ënnersichen. De Grond fir d'Pann ass den Ament net gewosst.