Net laang virdrun huet hien och d'Management vun Twitter entlooss. Domadder ass de Multimilliardär elo eenzegen Direkter vun der Online-Plattform.

Dat deelt an den USA d'Opsiicht vun der Bourse mat, déi sougenannten SEC. Och de Bret Taylor, de Chef vum Verwaltungsrot bei Twitter hätt seng Positioun net méi.

Zu den Aufgabe vun dësem Gremium gehéieren ënnert anerem d'Auswiel, d'Berodung an d'Kontroll vum Management, sou wéi grondsätzlech Decisiounen iwwert d'Ausriichtung an d'Entwécklung vun Twitter.

Den Elon Musk huet Twitter jo leschten Donneschdeg no méintelaangem Hin an Hier fir 44 Milliarden Dollar iwwerholl an huet direkt de Chef vun Twitter, de Parag Agrawal, entlooss an och weider wichteg Manager.