De Multimilliardär Elon Musk huet, zanterdeem en Twitter iwwerholl huet, schonn eng Rei déifgräifend Ännerungen annoncéiert oder schonn ëmgesat.

Zanter e Freideg huet hien net just de Verwaltungsrot opgeléist, mee och de Management vun der Plattform entlooss, esou datt hien elo eleng Chef ass.

Wéi hien en Dënschdeg den Owend op Twitter annoncéiert huet, wéilt hien de "bloe Kreepchen", mat deem verifizéiert Konten op der Plattform ausgezeechent ginn, geschwënn payant maachen. Deemnächst soll all Mënsch, deen 8 Dollar de Mount bezilt, esou ee bloe Verifizéierungskreepche kréien.

Den aktuelle System wier "Bullshit", esou de Milliardär op Twitter, well en d'Notzer géif an "Baueren" an déi "gehuewe Schicht" andeelen. De bloe Kreepche gëtt aktuell ënner anerem dofir benotzt, richteg Konte vun ëffentleche Persoune vu gefälschte Konten ze demarkéieren. Am neie System soll een zweeten Tag ënnert dem Numm ëffentlech Persounen uweisen.