Apple-Clientë musse sech dëse Wanter e bësse gedëllegen: D'Produktioun vum iPhone 14 a 14 Max gouf wéinst strenge Restriktiounen däitlech zréckgefuer.

Wéi Apple e Sonndeg matgedeelt huet, schafft d'Fabrick vum Livreur Foxconn a China aktuell mat "erhieflech reduzéierter Capacitéit". Dat kuerz virum Ufank vum Chrëschtdagsgeschäft vun Apple.

Am Wierk vu Foxconn gouf eng immens Hausse un Neiinfektioune mam Corona-Virus constatéiert, wouduerch d'taiwanesch Entreprise decidéiert huet, d'Fabrick ofzespären. D'Noriichtenagence AFP mellt, datt Enn Oktober eng Rei Mataarbechter aus dem Wierk solle geflücht sinn, fir eng Infektioun z'evitéieren an de strenge Restriktiounen z'entkommen. Verschidden Employéeën hu sech iwwer miserabel Zoustänn an der Fabrick beschwéiert.

Leschte Mëttwoch hunn dunn déi lokal Autoritéiten e Lockdown fir eng Zon ronderëm d'Foxconn-Wier decidéiert. 600.000 Mënsche si vun der Mesure betraff. En Donneschdeg huet Foxconn doropshi matgedeelt, datt d'Entreprise mat der chineesescher Regierung zesummeschafft, fir datt d'Produktioun "esou séier wéi méiglech erëm op voller Capacitéit" leeft. Iwwerdeem warnt Foxconn, datt een als Resultat vum Lockdown d'Geschäftserwaardunge fir d'véiert Quartal no ënne revidéiere misst.