De Chef vu Facebook, de Mark Zuckerberg huet dat e Mëttwoch annoncéiert. Rieds geet vun 13% vun de Mataarbechter bei Meta.

Dësen Ofbau bei Meta gouf schonn déi lescht Deeg ugedeit, elo huet de Mark Zuckerberg wësse gedoen, dass am ganzen 11.000 Leit hir Plaz beim Grupp verléiere wäerten.

Déi concernéiert Mataarbechter, esou d'Agence Bloomberg, kruten e Mëttwoch Bescheed gesot. Ufanks sollten u sech "nëmmen" 10% vun de 87.000 Mataarbechter entlooss ginn, schlussendlech betrëfft et elo 13%.

Wisou baut Facebook sou vill Plazen of?

Mat dësem massiven Ofbau vu Plaze reagéiert de Meta-Mammekonzern op déi enttäuschend Gewënner an d'Ëmsätz, déi deels réckleefeg sinn. Virun allem d'Kärgeschäft mat Reklammen op Facebook an Instagram géif manner Geld rabréngen, wéi bis ewell, dobäi kënnt, dass den neie Projet vu virtuelle Welten, dem Metaverse, extrem vill Entwécklungsgelder géif friessen. Wéinst der Inflatioun investéiere Clienten dann och ëmmer manner vill an héich a Reklammen op de Sitten.

Fir d'Käschten ze drécken, missten elo dausende Mataarbechter entlooss ginn, esou vill wéi zënter der Grënnung vu Facebook nach net.

An engem Telefonsgespréich mat der Féierung vu Facebook, huet de CEO Mark Zuckerberg zouginn, selwer rezent fir falsch Decisioune verantwortlech ze sinn. De Gewënn soll dëst Joer ëm 52% agebrach sinn, zënter Méint steet Facebook och op der Bourse massiv ënner Drock vun den Aktionären.