Virun der Küst vum US-amerikanesche Bundesstaat Florida hunn Taucher e Stéck vun der "Challenger"-Raumfär fonnt, déi 1986 kuerz nom Start explodéiert war.

Déi US-amerikanesch Weltraumagence NASA huet en Donneschdeg confirméiert, datt d'Stéck, wat nordwestlech vum Bermuda-Dräieck um Mieresgrond fonnt ginn ass, zum Space Shuttle gehéiert.

D'Taucher haten am Gebitt eigentlech no engem Fliger-Wrack aus dem Zweete Weltkrich gesicht. Dëst, am Kader vun enger Dokumentatioun fir den History Channel.

Amplaz si se op dat gréisste Stéck vun der "Challenger" gestouss, wat bis ewell fonnt ginn ass. Wéi grouss et genee ass, ass nach net kloer. De siichtbaren Deel ass ronn 4,5 mol 4,5 Meter grouss, de Rescht läit ënner Sand begruewen.

Den 28. Januar 1986 ass d'Challenger nëmmen 73 Sekonnen nom Start zu Florida explodéiert. Kee vun de 7 Astronauten u Bord huet d'Ongléck iwwerlieft.