No méintlaangem hin an hier ass d'NASA-Rakéit elo endlech a Richtung Mound geschoss ginn. Fir d'Raumfaart ass et den Ufank vun enger neier Ära.

Um 1.47 Auer Lokalzäit a Florida ass d'Rakéit gestart. D'Haaptzil vun der Missioun ass et, fir d'Systemer virun enger bemannter Missioun komplett op Häerz an Nieren ze testen. Donieft soll och d'Schëld, dat d'Hëtzt ofhält, ënner reelle Konditiounen am Weltraum getest ginn. Och wëll een erausfannen, ob d'Bierge vun den Astronauten esou géif funktionéieren, wéi een et geplangt huet.

D'Missioun steet awer aktuell ënner kengem gudde Stär, dat ënner anerem, well d'Käschte vun der Entwécklung a vum Bau explodéiert sinn an de Start schonn e puer Mol wéinst technesche Problemer oder schlechte Wiederkonditioune verluecht gouf. Fir d'Lescht e Méindeg, wou wéinst dem Stuerm "Nicole" de Start huet misste verluecht ginn.

Amerikaneschen Ambassadeur am RTL-Interview

"Luxembourg might have a small footprint on earth, but it has a very large footprint in space", esou den amerikaneschen Ambassadeur hei zu Lëtzebuerg, den Tom Barrett.

"Et ass e wonnerbaren Dag. Et ass e super Dag fir d'NASA. Et ass e super Dag fir d'Vereenegt Staaten. Et ass e super Dag fir eis Artemis-Partner. Dozou gehéiert och Lëtzebuerg. Well Lëtzebuerg war eent vun den éischte Länner, déi den Artemis-Accord ënnerschriwwen hunn. Also ass et eppes, wou och Lëtzebuerg ka ganz houfreg drop sinn. No ville Joren ass et flott erëm am Weltall ze sinn. An et geet weider, op de Mound."

RTL

Opbroch-Stëmmung an Nostalgie vermësche sech mat dëser éischter Artemis-Missioun. Gestart ass d'SLS-Rakéit vun där selwechter Plaz, op där viru 50 Joer den Apollo-Programme op en Enn goung. 8 Minutten nom Depart goufen d'Rakéit - déi stäerkst déi jee gebaut gouf - an d'Orion-Raumkapsel vunenee getrennt. D'Kapsel, déi an Europa entworf gouf, ass den Ament op hirem sechs Deeg laange Wee Direktioun Mound. Mat u Bord op dësem éischten Test-Vol sinn nach kéng Mënschen, ma dräi Dummies. Voll gepaakt mat dausende Sensoren, déi Stralung, Vibratiounen an den Drock moossen.

2024 soll eng Artemis-2 Missioun fir d’éischt Astronauten an de Weltall bréngen, ier d'Amerikaner an d'Europäer zesumme fir 2025 eng éischt Moundlandung plangen. Donieft soll eng Zort Raumstatioun um Mound opgebaut ginn, déi als Basis fir e bemannte Fluch op de Mars soll déngen, dat awer eréischt an Zukunft. Nieft engem Mann soll dann och déi éischt Fra op de Mound.

"An och den éischte Schwaarzen. Ech denken, datt vill Leit et net wëssen. Artemis, de Programm selwer, muss wierklech als d'Zwillingsschwëster vun Apollo ugesi ginn. Apollo war jo den éischte Programm. D'Artemis ass an der griichescher Mythologie dem Apollo seng Zwillingsschwëster. Ech mengen et passt an d'Zäit, datt mer verstinn, datt Männer a Fraen, Leit vu verschiddene Rassen an Nationalitéiten, vun allen Horizonter, wierklech Partner an dësem Programm si sollen", sou den US Ambassadeur weider.

E vun deene Partner ass de klenge Grand-Duché. "Dat iwwerrascht wuel vill Leit", sou den Tom Barrett. Déi puer Méint wou hien elo hei am Land ass, hätt den US Ambassadeur awer gesinn, wéi dynamesch de Weltraum-Secteur zu Lëtzebuerg ass.

No engem Passage ronn 64.000 Kilometer hannert dem Mound, sou wäit wéi nach ni eng bemannt Raumkapsel war, soll d'Orion a 25 Deeg op der Héicht vu Kalifornien am Pazifik landen.