"D'Vollek huet geschwat. D'Amnestie fänkt d'nächst Woch un": Den neie Chef vun Twitter huet ugekënnegt, all gespaarte Konten erëm fräizeginn.

Virun der Ukënnegung vum Elon Musk en Donneschdeg, hat hien op Twitter eng Ëmfro gestart, an där sech eng däitlech Majoritéit u User fir d'Fräischalte vun de Profiller ausgeschwat huet - genee wéi beim Sondage iwwert de Kont vum fréieren US-President Donald Trump. Nëmme User, déi géint Gesetzer verstouss hunn oder fir "Spam" responsabel sinn, ginn dem Twitter-Chef no net entspaart.

Wéi den Elon Musk schreift, hätten 72,4% vun den 3,16 Millioune Leit, déi bei der Ëmfro matgemaach hunn, fir d'"Generalamnestie" gestëmmt, duerch déi deemno gespaart Profiller erëm zougelooss ginn. Allerdéngs kënne bei esou Sondagen all User matmaachen, also och gefälscht Profiller a sougenannte "Bots".

Och iwwert d'Entspäre vum Kont vum Donald Trump gouf eréischt d'lescht Woch ofgestëmmt. 51,8 % vun de 15 Millioune Participanten hu sech dofir ausgeschwat, d'Profil vum fréieren US-President erëm fräizeginn. Virdru ware schonn ëmstridden Twitter-Profiller entspaart ginn, dorënner dat vum Psycholog Jordan Peterson oder der konservativer Parodie-Säit "Babylon Bee".

Eng pauschal Amnestie fir gespaart Konten alarméiert allerdéngs d'Autoritéiten, déi den Ëmgang vun Haassnoriichten op der Plattform streng iwwerwaachen. Gefaart gëtt, datt et ënnert dem Elon Musk senger Definitioun vun der Meenungsfräiheet an Zukunft méi Falschinformatiounen oder Haassriede wäert ginn. Verschidden Entreprisen hu wéinst hire Bedenken elo schonn hir Reklamme vun der Plattform erofgeholl. Och d'Europäesch Unioun ass besuergt iwwert déi rezent Entwécklunge bei Twitter, ënnert anerem och iwwert de Licenciement vu Mataarbechter.