Wéi aus enger eegener Ëmfro vum däitschen Digitalverband Bitkom ervirgeet, hu 40% vun allen Däitsche scho mol heemlech op engem friemen Handy spionéiert.

5% vun de Befroten hunn ausserdeem uginn, datt si dëst reegelméisseg géinge maachen. Am meeschte betraff, ass der Ëmfro no mat 53% den Handy vu Kolleeginnen a Kolleegen. Am Handy vu Familljemembere gëtt mat 33% am zweetmeeschte geschnoffelt an op der drëtter Plaz befënnt sech den Handy vun der Partnerin oder dem Partner.

En vue vun dëse Resultater huet Bitkom d'Leit dozou opgeruff, onbedéngt eng Zougangs-Spär um eegenen Handy ze installéieren.