Dem Tech-Milliardär Elon Musk seng Firma Neuralink schafft zanter enger Rei Joren un engem Chip, deen an dat mënschlecht Gehier soll implantéiert ginn.

Dëse soll et ënner anerem erméiglechen, Computeren a Smartphone mat de Gedanken ze bedéngen. Ausserdeem soll den Chip et erméiglechen, Schied un den Nerven ze iwwerbrécken. Dat soll et Mënsche mat kierperlechen Aschränkungen erlaben, nees ze gesinn, ze héieren oder sech ze beweegen. Dat sot den Elon Musk der Noriichtenagence Reuters no op enger Presentatioun zu San Francisco.

Den Elon Musk hat rezent dat soziaalt Netzwierk Twitter fir 44 Milliarden Dollar kaf an ënner anerem dem Donald Trump nees Zougang zum Netzwierk ginn. Kuerz drop, hat hien Apple reprochéiert, Zensur ze bedreiwen.