De Chef vum britteschen Telekommunikatiounskonzern Vodafone, den Nick Read, ass no véier Joer vu sengem Posten zeréckgetrueden.

Wéi de Konzern e Méindeg matgedeelt huet, gëtt den Nick Read säi Chefposten zum Joresenn op. Hien zitt sech donieft och aus dem Comité de directeur zeréck, bleift awer bis Enn Mäerz Beroder. Den Interim mécht d'Finanzcheffin Margherita Della Valle zousätzlech zu hiren Aufgaben, d'Konkurrenzfirma vun der Däitscher Telekom ze leeden. Dat bis d'Nofolleg gereegelt ass.

De Read hat de Chefposten 2018 iwwerholl, nodeems hie schonn 20 Joer bei Vodafone dobäi war. Ma ënnert senger Leedung hätt d'Firma sech net esou entwéckelt, wéi ee sech dat virgestallt hat. D'Gewënn sinn däitlech zeréckgaangen. Zanter Ufank vum Joer huet d'Aktie bal 20 Prozent u Wäert verluer, ma eeng mat der Ukënnegung vun der Demissioun huet se ëm 2 Prozent zougeluecht.

Offiziell Grënn goufen et keng genannt, wisou de Read demissionéiert, et läit awer no, dass et un de schlechte Geschäftszuele läit.