An Zukunft dierf een op Twitter keng Linke méi Posten, déi op aner Online-Plattformen, déi mam Sozial-Media-Gigant konkurréieren, ginn.

All "gratis Reklamme" fir aner Netzwierker ginn op der Plattform geläscht, esou Twitter e Sonndeg. De Verbuet bezitt sech ënner anerem op Linken op Facebook, Instagram, Mastodon an Truth Social. Wien dogéint verstéisst, ka virleefeg op Twitter säin Account gespaart kréien.

Dës Verbuet ass eng vun den ëmstriddene Moossnamen, déi déi den neie Chef vun Twitter a Multimilliardär Elon Musk wëll duerchsetzen. De Musk gëtt sech ëmmer als Virreider a Saache Meenungsfräiheet, woumadder hien och de Kaf vun Twitter begrënnt huet. Ma rezent ass hien ëmmer nees negativ opgefall, well hien zäitweis Compte vun US-Journaliste späre gelooss huet.