Den Tech-Multimilliardär Elon Musk huet op Twitter doriwwer ofstëmme gelooss, ob hie vum Chef-Poste vun Twitter soll zerécktrieden.

E Sonndeg huet hien d'Ëmfro mam Titel "Soll ech als Chef vun Twitter zerécktrieden?" lancéiert. Hie géif sech un d'Resultat vun der Ëmfro halen.

E Méindeg de Moie géint 12.20 Auer war de Vott eriwwer an d'Resultat dierft dem Elon Musk net gefalen.

17.502.391 Leit hu beim Vott matgemaach. Um Enn hu sech 57,5% vun de Leit dofir ausgeschwat, dass den Elon Musk vun der Spëtzt vun Twitter soll zerécktrieden.

An der Lescht huet Twitter duerch rezent Ännerungen ëmmer nees fir Kritik gesuergt. Esou huet et zum Beispill geheescht, Twitter géif geschwënn d'Verlinken op konkurréierend Sozial Medien, wéi zum Beispill Facebook, Instagram oder Mastodon, verbidden. Den Twitter-Chef huet no kuerzer Zäit allerdéngs zeréckgeruddert a gesot, Konte géife just da gespaart ginn, wann de "primären Zweck" vum Kont Reklamm wier.

Viru Kuerzem huet den Elon Musk och fir Opreegung gesuergt, well hien eng Rei Journaliste vun der Plattform gespaart huet.