Dat huet den Tech-Milliardär via Twitter wëssen gedoen, allerdéngs eréischt dann, wann e Successeur feststeet.

Hie wéilt sech dono just nach ëm d’Server- a Software-Ekippe bei Twitter këmmeren, wann hien ee géif fannen "dee blöd genuch wier", säi Successeur als CEO ze ginn.

Tweet Musk

Vu 17 Milliounen Leit hate sech jo 57,5% viru Kuerzem derfir ausgeschwat, dass de Musk als Twitter-Chef soll demissionéieren. De Musk hat virun deem Voting, deen hie selwer lancéiert hat, ugekënnegt, dass hie sech un d'Resultat géif halen.