Wéi et vun Notzer aus der ganzer Welt heescht, koum et op der Social-Media-Plattform Twitter wärend Stonnen zu technesche Problemer.

Deemno konnten eng Rei Utilisateuren hir Notifikatiounen net méi agesinn an och aner Funktiounen net notzen.

Et soll sech ëm déi schwéierst technesch Stéierung bei Twitter zanter der Iwwernam duerch den Elon Musk handelen. Déi op Internet-Ausfäll spezialiséiert Plattform DownDetector huet deemno besonnesch an der Nuecht op en Donneschdeg eng staark Hausse vu Problemer bei Twitter gemellt. Géint 5 Auer moies (Mëtteleuropäesch Zäit) gouf et eleng an den USA méi wéi 10.000 Reklamatiounen, an anere Länner goufen et der e puer honnert bis dausend.

De Grond fir d'Stéierungen ass den Ament net kloer.

Den Elon Musk, Chef vum Autoshiersteller Tesla, huet Twitter am Oktober fir 44 Milliarden Dollar iwwerholl. D'Iwwernam huet fir eng Rei Kontroverse gesuergt, och well hie kuerz duerno ronn d'Hallschent vum Personal entlooss huet.

Experten no kéint dës Decisioun d'Fäegkeet vun Twitter, technesch Problemer séier z'erkennen an ze behiewen, beanträchtegen.