Dës relativ nei App koum am Joer 2020 a Frankräich eraus a gëtt souzesoen als eng "Anti-Instagram"-App beschriwwen. De Useren schéngt et ze gefalen.

Am Joer 2022 gouf d'App vum soziale Netzwier "BeReal" 31 Millioune Mol an den USA erofgelueden, eleng 5,3 Milliounen Downloads a just engem eenzege Mount. E Rekord an definitiv eng Konkurrenz fir d'Applikatioun TikTok.
Dat speziellt u BeReal ass, dass dës App ouni Filteren a Storyen auskënnt, an et esou net méiglech ass, op dëser Plattform "Influencer" ervirzebréngen.

D'Konzept ass einfach: Eemol am Dag kritt een wärend enger zoufälleger Auerzäit eng Notifikatioun, wou de User opgefuerdert gëtt, bannent 2 Minutten eng Foto ze huelen, eben an där Situatioun, an där een sech dann ebe grad befënnt. Dono kann een sech dann och d'Fotoe vu senge Kolleegen, déi d'App och benotzen, ukucke goen. Bei der nächster Notifikatioun, sinn d'Fotoen dann nees verschwonnen.

Den internationale Marché ass allerdéngs schwéier ëmkämpft an aner Giganten maachen et der App virun allem ausserhalb vun den USA a Kanada schwéier. Méi Informatiounen an Detailer, beispillsweis iwwert de globale Stand vun der App am Moment, gëtt et bei eise Kolleegen vun RTL 5minutes.