Well den Internetdéngscht Sue braucht, versteet en aktuell Géigestänn aus dem Siège zu San Francisco. Eenzel Stécker hu bis zu 100.000 Euro bruecht.

Well Twitter Sue braucht, ginn aktuell Géigestänn aus dem Siège zu San Francisco versteet. Bei enger Onlineauktioun goufen 100.000 Dollar fir eng ee Meter grouss Vullen-Statue bezuelt. Eng Liichtinstallatioun mat engem bloe Vull huet 40.000 Dollar bruecht.

Am Ganzen huet Twitter 631 Géigestänn zum Verkaf ugebueden. Dorënner Dekoartikelen, Espressosmaschinnen, een zwee Meter grousst Blummendëppen a Form vun engem @-Zeechen, Schreifdëscher, Pizzaiewen an Tëleeën. Den Elon Musk hat Twitter Enn Oktober fir 44 Milliarden Euro iwwerholl a kuerz drop d'Hallschent vun de 7.500 Mataarbechter entlooss a weider Spuermesuren annoncéiert. Mat dem Abo "Twitter Blue", fir deen ee bezuele muss, hofft een op weider Recetten.