Duerch kënschtlech Intelligenz wäerte Beruffsbiller verschwannen, esou de Computerwëssenschaftler Patrick Glauner.

Wat ass eigentlech kënschtlech Intelligenz?

An der Wëssenschaft géif et net nëmmen eng Definitioun ginn, esou de Patrick Glauner, deen zu Lëtzebuerg an der kënschtlecher Intelligenz promovéiert huet. Fir hie geet et drëms, mënschlecht Entscheedungsverhalen ze automatiséieren.

Eng Stäerkt vun de Mënsche wier et, Entscheedungen ze treffen. Dausenden Entscheedungen huele mer den Dag, déi Meescht esouguer onbewosst. Dat ze automatiséieren, wier de Sënn an Zweck vum Asaz vu kënschtlecher Intelligenz.

Wou notze mer kënschtlech Intelligenz?

Mat eise Smartphones géife mer haut scho permanent am Alldag KI notzen, d’Sproocherkennung oder Spam-Filtere wiere nëmmen ee Beispill.

Wat sinn d’Grenze vun der kënschtlecher Intelligenz?

Och wa mer haut ëmmer vu kënschtlecher Intelligenz schwätzen, géif dat net heeschen, datt eng KI och wierklech intelligent wier, erkläert de Patrick Glauner. Et si mathematesch Modeller, déi op maschinellem Léiere baséieren.

Am Ënnerscheed zum Mënsch, kéinten d’KIen nëmmen an engem spezifeschen Beräich Entscheedungen treffen, dat awer zum Deel besser wéi de Mënsch.

Musse mer d’kënschtlech Intelligenz fäerten?

Mat deem, wat een den Ament wéisst, wieren d’Grenze vun der KI kloer definéiert, se kéint beispillsweis keng mënschlech Gefiller entwéckelen, esou de Patrick Glauner, och wann eenzel Experten dat géife behaapten.

D’Aarbechtswelt wäert sech awer an den nächste Jore massiv änneren an esou och Drock op d’Gesellschaft ausüben. Den Aarbechtsmaart wier awer schonn ëmmer am Wandel gewiescht, esou de Computerwëssenschaftler, d’KI géif deen Trend verstäerken. Et wäerte Beruffsbiller verschwannen, awer och neier entstoen.

De Patrick Glauner huet zu Lëtzebuerg um SNT um Kierchbierg a Computerwëssenschafte promovéiert, mam Schwéierpunkt kënschtlech Intelligenz. Zanter e puer Joer schafft hien zu Deggendorf ënnert anerem fir d’technesch Héichschoul a fir den DIG (Deggendorf Institute of Technology).