"ChatGPT", eng kënstlech Intelligenz, déi vum Startup "OpenAI" programméiert gouf, huet eng Rei Exame vun engem Droitsstudium an den USA gepackt.

ChatGPT huet Examen iwwer Verfassungsrecht, Steierrecht a Schuedensersatz geschriwwen. Den Jonathan Choi, Professer op der Minnesota University Law School, huet der artifizieller Intelligenz déi nämmlecht Examen ze schreiwe ginn ewéi senge Studenten.

De Bot huet d'Examen dann och alleguer gepackt. Allerdéngs ass ChatGPT den Ament nach kee wierklech gudde Student. Seng Moyenne war knapps héich genuch, fir d'Examen ze packen an en huet an all Modüll zu deene schlechtste Studente gehéiert. D'Leeschtung vun der kënstlecher Intelligenz huet iwwerdeems staark vun der Aart vun de Froen ofgehaangen. Wann et ëm d'Applikatioun vu juristesche Reegele geet, huet ChatGPT quasi kee Feeler gemaach. Ma bei oppene Froen hat de Bot nach Schwieregkeeten.