Wat kann den ChatGPT iwwerhaapt a wéi gutt ass säi Lëtzebuergesch? Dat huet de Benoît Majerus vun der Uni.lu probéiert, erauszefannen.

ChatGPT ass en Chatbot, also eng Applikatioun, déi mat Hëllef vu kënschtlecher Intelligenz mat Mënsche kommunizéiere kann. Benotzer kënne ganz normal Froe stellen an den Chatbot beäntwert engem déi dann, wéi ee richtege Mënsch et maache géif. An dat ka scho mol grujeleg sinn, well mëttlerweil erkennt ee bal net méi, ob den Text vum ChatGPT oder vun engem richtege Mënsch kënnt.

Jo, den ChatGPT versteet a ka Lëtzebuergesch

De Benoît Majerus ass Geschichtsproff op der Uni Lëtzebuerg an huet den ChatGPT mol getest, andeem hien e gefrot huet, fir en Text iwwert d'Lëtzebuerger Geschicht aus dem 20. Joerhonnert ze schreiwen, natierlech op Lëtzebuergesch.

"Deen éischten Text, deen du komm ass, war eng hallef Säit grouss an ech war fir d'éischt mol erstaunt, datt de Programm iwwerhaapt Lëtzebuergesch versteet an och kann op Lëtzebuergesch äntweren. Seng Äntwert war haaptsächlech op d'politesch Geschicht fokusséiert, also déi zwee Weltkricher amplaz vu Lëtzebuerg an europäesch Integratioun."

Limitéierte Korpus a komesch Narrativen: ChatGPT ass net perfekt

Wéi hien dunn no engem méi groussen Text gefrot huet, sinn och nach e puer sozial Elementer ronderëm d’Geschicht vun der Immigratioun a vun der Gläichheet vu Mann a Fra an der Lëtzebuerger Geschicht am 20. Joerhonnert mat an den Text integréiert ginn. Ma net just, dat den Chatbot op Lëtzebuergesch äntwere konnt, huet de Benoît Majerus iwwerrascht.

"Et gesäit een dann och, datt de Korpus, mat deem ChatGPT schafft, relativ kleng ass. Wéi ech gefrot hunn, méi ee groussen Text ze maachen, ware vill Widderhuelungen dran. Dat heescht, e schéngt eigentlech net vill Elementer ze hunn am Moment. An da reproduzéiert ChatGPT natierlech och déi Narrativen, déi am meeschten am Netz verbreet sinn, well dorobber berout jo säi Korpus, an net onbedéngt déi majoritär Meenung vun den Historiker."

Fir ze verhënneren, datt den Tool onerwënscht Saache wéi Sexismus oder Rassismus a sengen Texter erausspäizt, huet OpenAI, d'Firma hannert dem ChatGPT, verschidde Schutzmechanismen agebaut. Momentan ass dësen Chatbot zwar nach fir näischt, ma et gëtt awer erwaart, datt een an Zukunft dofir bezuele muss.

Kann dësen Tool an der Fuerschung oder dem Enseignement zu Asaz kommen?

Ob esou eng nei Technik elo gutt oder schlecht fir d'Fuerschung an d'Educatioun ass, fënnt den Historiker schwéier ze jugéieren. Dofir misst ee mol ganz genau verstoen, wéi de Bot fonctionéiert, éier een en an der Fuerschung oder am Enseignent asetzt.

"Ech ka mer zum Beispill gutt virstellen, datt mer am Cours iwwert d'Lëtzebuerger Geschicht an deenen nächste Joren mat deem Text vun ChatGPT ufänken. An dann zesumme mat de Studenten auszeschaffen, wéi eng Elementer an dem Text problematesch sinn, wéi eng feelen. Dat Unhand vun der klassescher Aarbecht vum Historiker, dee mat Sekundarliteratur schafft."

ChatGPT: Lëtzebuerger Test / Reportage Max Richartz

Dat wier eng Manéier, ChatGPT an de Cours op der Uni mat anzebannen. Et soll een awer nach virsiichteg mat dësem Tool ëmgoen, well och net ëmmer alles richteg ass, wat an deem, vun der kënschtlecher Intelligenz generéierten Texter, steet. D'Wësse vum ChatGPT geet momentan zum Beispill just bis d'Joer 2021.