Ronn dräi Véierel vun de verkaafte Computere sinn Notebooken, also Laptoppen. Dat läit virun allem drun, datt ee méi flexibel domat ass.

Wann et drëms geet, en neie Computer ze kafen, entscheede sech déi meescht Leit fir en Notebook. En ass méi handlech an et kann een e méi einfach transportéieren. Desktop-Computere schénge kaum nach gefrot ze sinn, obwuel déi klassesch Versioun och hir Virdeeler huet.

Wann et zum Beispill ëm d'Leeschtung geet, läit de Stand-PC definitiv vir. Wann ee sech zum Beispill fir Video- a Bildveraarbechtung begeeschtert, ass en Desktop-System mat Sécherheet dee bessere Choix. Och Gamer setzen zum groussen Deel dorop, well Computerspiller immens vill Leeschtung an Usproch huelen.

En anere Virdeel ass de Kaméidi. Däers mécht de feste Computer nämlech vill manner, wéi e Laptop. Dat läit dorun, datt einfach méi Plaz fir uerdentlech Lëftungen ass an, datt sech de Computer net esou séier erhëtzt.

Dann entscheede sech d'Leit och dacks fir e Laptop, well dee manner Plaz géing ewechhuelen, mee dat muss och net onbedéngt esou sinn. Mëttlerweil ginn et schonns esou kleng Computeren, datt se bal keng Plaz méi ewech huelen. Ausserdeem huet een dacks d'Méiglechkeet de Computer mat enger VESA-Halterung hannert dem Ecran ze verstoppen.

Och fir d'Bastler ass en Desktop-Computer genee dat richtegt. Wann ee seng Maschinn nämlech gären oprëschte wëll, stéisst ee bäi engem Notebook séier u seng Grenzen.

An da wiere mer och scho bei den Uschlëss. Och hei ass et meeschtens esou, datt e Laptop op de Minimum reduzéiert gëtt. Dat ass virun allem net esou praktesch, wann ee mat méi wéi just engem Ecran schaffe wëll.

A wat vill Leit och interesséiere wäert, ass de finanziellen Aspekt. Wann een zum Beispill e mëttelklasseschen Desktop-Computer mat engem mëttelklassesche Laptop vergläicht, ass e Stand-PC meeschtens méi bëlleg. De Präisënnerscheed läit do séier mol bei 200 Euro.