
© AFP
Ween zukünfteg säin Facebook oder Instagram Konto verifizéieren well, muss bereet sinn, dofir ze bezuelen.
De Konzern Meta vum Mark Zuckerberg well fir Facebook an Instagram een neien Abo aféieren. Persounen déi hire Kont offiziell mam sougenannte "bloen Hoke" verifizéiere wëllen, musse vun elo un dofir de Portmonni opmaachen. Grond fir d'Aféiere vun dësem Abo ass eng Baisse vun den Ëmsätz vu Meta an de leschte Méint.
De Plang ass et, dass User all Mount eng Zomm vu knapp 12 Euro bezuele mussen. Donieft musse si fir sech ze verifizéieren, och offiziell Dokumenter, wéi zum Beispill ee Pass, virleeën. De bloen Hoken bréngt awer och eng Rei Virdeeler, dorënner den direkten Accès zum Service-Client an der néideger Ënnerstëtzung, fir sougenannte Fake-Profiler Meeschter ze gi. Fir Konten, déi de bloen Hoke schonn hunn, soll awer näischt changéieren.
Fir d'Besëtzer vun Apple-Apparater gëtt di ganz Saach nach ee Stéck mi deier. Hei beleeft sech de Präis op knapps 15 Euro. Grond dofir sinn di zousätzlech Sécherheetsmoossnamen, déi Apple op hiren Apparater installéiert. Leit mat engem iPhone kënne sech, wann sinn eng App installéieren, bewosst dozou entscheeden, hir perséinlech Informatiounen net ze deelen. Doduerch kënnen zum Beispill Instagram a Facebook dëse Leit keng persounespezifesch Reklamm uweisen. Fir de Konzern Meta bedeiten Restriktiounen vun User-Informatiounen also gläichzäiteg ee Verloscht vun Akommes.
Facebook an Instagram kopéieren domadder d' Iddi vun Twitter. Wee bereet assze bezuelen, soll dohier d'Méiglechkeet kréien, seng User-Experienze ze verbesseren. Op Twitter sollen verifizéiert User an Zukunft zum Beispill och manner Reklamm kréien, an di eegen Posts sollen méi virdeelhaft placéiert gi. Bis ewell kascht den Abo op Twitter em di 84 Euro am Joer.