Zanter dem 30. November huet ee Sproochemodell, dee mat Hëllef vun enger Kënschtlecher Intelligenz berechent ginn ass, déi digital Welt op d’Kopp gehäit.

Mat Hëllef vun dësem Chat-Bot kann ee sech ouni grouss Méi Texter generéiere loossen. An Texter,  déi d’Maschinn generéiert hu Kapp a Schwanz a wierken, wéi wann den Auteur ee Mënsch wier an net just ee Koup Eenten an Nullen.

Wat ass ChatGPT?

"Generic pre-trained transformer". Dat sinn déi englesch Wierder hannert der Ofkierzung. Den Chatbot generéiert dat, wat en trainéiert ginn ass an all dat, wat e geléiert huet, transforméiert en an ee Saz, dee fir de Mënsch verständlech ass. Esou kann een déi Ofkierzung ëmschreiwen.

Dobäi ass de Modell, deen de ChatGPT geléiert huet, de GPT-3, also déi 3. Versioun vun esou engem generéierten trainéierten Transformer. Esou ee Modell gëtt mat KI, also Kënschtlecher Intelligenz, trainéiert. Dobäi ginn Technike genotzt, déi de Prozesser an eisem Gehier gläichen. Genau wéi d’Neuronen an eisem Gehier schwätzt een och hei vun neuronalen Netzwierker. De Computer kritt een Input, an dësem Fall sinn dat Buschtawen oder Wierder, an doduerch dass et Widderhuelunge ginn oder Musteren, Wierder, déi gutt zesummepassen, ginn esou neuronal Bunne méi oder manner gestäerkt an esou léiert d’Netzwierk, wat richteg ass a wat falsch.

Wat kann ChatGPT?

Texter verfaassen, Conversatioune féieren, oder Rezepter virschloen, sinn nëmmen eng Rei u Beispiller, déi de Sproochemodell kann. Och Code kann de ChatGPT schreiwen. Wann een also keng Anung vu Computeren huet, kann een de Bot froen, dass en engem HTML-Code fir eng Websäit schreift, wat en dann och ouni Probleem mécht.

De grousse Virdeel vun dem GPT-3 par Rapport zu senge Virgänger ass, dass en déi ganz Conversatioun en Compte hëlt. Esou kann een zum Schluss froen, dass en dat soll kontrolléieren, wat en am Ufank geschriwwen huet. Ee weideren Ënnerscheed zum Virgänger-Modell ass d’Unzuel vu Parameter-Punkten. Louch déi beim GPT-2 nëmmen 1,5 Milliounen sinn et bei der neier Versioun 175 Millioune Parameter-Punkten, déi méi Logik zoulossen.

Et kann ee soen, dass ChatGPT iwwerall do Zäit spuere kann, wou Text mat am Spill ass.

Zënter wéini gëtt et ChatGPT?

Zënter dem 30. November 2022 ass de Bot fir de Publik accessibel. Un der Kënschtlecher Intelligenz gëtt allerdéngs scho säit 1950 gefuerscht. Richteg Resultater sinn et awer réischt an den 80er ginn, esouguer mat engem Auto, dee vu KI gesteiert ginn ass. 1997 huet den "Deep Blue" de Kasparov am Schach geklappt an dat och scho mat Hëllef vu KI. Duerno ass et roueg ginn, de KI-Wanter, wéi d’Experte soen. 2016 dunn den Duerchbroch: um ImageNet-Concours hu Fuerscher mat enger ganz neier Architektur vu Computer een neuronaalt Netzwierk dozou bruecht, eng Mupperass op Fotoen z'erkennen, an domat de Grondstee geluecht, fir d’KI déi mir haut kennen.

ChatGPT weess net alles, well säin Datesaz nëmme bis op den 1. Januar 2021 zeréckgeet. Wann ee freet, wat d’Ukrain-Kris ass, kritt een eng falsch Äntwert, well en net mat Infoe gefiddert ginn ass, dass de Putin d’Ukrain ugegraff huet.

Säi Wësse besteet aus ronn 60% aus Informatiounen, déi esou ze soe mat Hand agespeist gi sinn, 22% sinn Texter aus dem Internet, awer och 16% aus Bicher an nëmmen 3% komme vu Wikipedia.

Wéi kann een domat fuddelen?

"Et mécht d'Spaass, ech kréie séier eng Äntwert an et ass illusoresch fir ze mengen, dass iergend e Schüler elo fir Hausaufgabe wäert drop verzichten, wann en et kann notzen, wäert en et notzen", seet den Dr. Robert Reuteur, Fuerscher an den Educatioun Technologien a Léier-Wëssenschaften.

Well den ChatGPT esou einfach a gratis ze benotzen ass, kribbelt et bestëmmt esou munch Schüler oder Studentin an de Fanger, fir domat Zäit ze spueren an de Bot d’Hausaufgaben oder den Essay schreiwen ze loossen. Dobäi kënnt, dass et enorm schwéier ass fir ze identifizéieren, ob ee Mënsch oder eng Maschinn den Text erstallt huet. Dat mécht dem Proff seng Aarbecht net méi einfach.

De ChatGPT gëtt keng Quellen un, wat en och net kann, well dat wat e schreift, een Amalgamm ass vun deem, wat e geléiert huet. De Roboter weess net, wou en d’Wuert X hier huet, e weess just, dass et gutt bei d’Wuert Y passt an dowéinst schreift en dat dohin.

Souwuel op der Uni wéi och am Secondaire an och am Fundamental ass ee sech bewosst, wat do op een zoukënnt. Et ass een zouversiichtlech, dass ee mat den digitale Kompetenzen, déi een de Jonken an de leschte Jore mat op de Wee ginn huet, dat néideg kritescht Wësse geschaaft huet, fir dass d’Schüler sënnvoll mat esou enger neier Technologie kënnen ëmgoen.

Lex Folscheid - Premier Conseiller de Gouvernement:

"Am Moment ass et elo nach net dee grousse Problem, an deene kommende Méint denken ech, dass et nach méi zu engem Theema wäert ginn ,an da mengen ech och, dass d'Enseignantë wäerte musse kucken, fir an der Aart a Weis, wéi se Saachen nopréiwen, eng Kéier aner Weeër ze goen, méi Produktiounen an der Klass maachen, méi mënschlech versichen dat ofzefroen, wat schrëftlech produzéiert ginn ass."

Wann een d’Maschinn tippe léist, da léiert een net onbedéngt eppes dobäi. An awer kann esou een Tool och am Klassesall praktesch sinn. Fréier ass och net gegoogelt ginn an den digitalen Tableau huet d’Schifertafel ofgeléist.

Wat sinn d’Gefore vu ChatGPT?

Niewent dem Fuddelen, also dem Schreiwe loossen well keng Loscht do ass, stiechen awer och ethesch Bedenken hannert dem Chatbot. Wien huet dann elo wat geschriwwen a wou kënnt dat Wëssen hier. Wa  sech dann och nach op dat, wat de Bot vu sech gëtt, referéiert gëtt, ass een am Dilemma, well kee soe kann, ob dat richteg oder falsch ass.

Wann een elo an d'Glaskugel kuckt a sech ausmoolt, wat nach alles kéint sinn, dann ass ee bei der KI och séier an den Hollywood-Dystopien, wou Maschinnen aner Maschinne bauen. Och wann ChatGTP nach näischt baue kann, esou kann en awer Codë generéieren, eventuell och Codë schreiwen, deen en ChatGPT ouni Limitatioune programméiere kann, an esou déi Reegelen, déi dem Mënsch him opgesat huet, aushiewelen.

Dat,  wat vir erageet, kënnt hannen eraus. Net anescht wéi beim Mënsch ass och eng KI ëmmer just d’Produkt vum Geléierten. Wann eng KI also schlecht Saache geléiert huet, ka se net iwwer gutt Saache schwätzen. Do derniewent ass och de Prozess vum Léieren oder dem Datesaz, deen opgestallt ginn ass, ee kriddelegt Thema. Well fir dass eng Maschinn tëschent Gutt a Schlecht ënnerscheede kann, muss se och déi zwou Säite vun der Medail kennen. Esou stoung Open AI, d’Firma hannert ChatGPT, och schonn an der Kritik, well se eng Firma ugestallt hunn, déi a Kenya de Leit en Hongerloun bezuelt hunn, fir dass déi di däischter Säit vum Internet an den Datesaz aginn. Grondsätzlech soll een dofir ëmmer hannerfroen, wat eng KI produzéiert a firwat, well wann den Datesaz schlecht ass, dann ass d’Resultat och deementspriechend.

Ee weidere Punkt ass den Impakt op d’Ëmwelt. 550 Tonne CO2 huet eleng d’Berechnung vum GPT-3 Modell verbraucht, déi verbraucht een normale Mënsch bäi 550 Flich tëschent Paräis an New-York.

Microsoft huet 10 Milliarden Dollar an Open AI investéiert: Dat si Suen, déi de Softwaregigant natierlech iergendwann erëm zeréckwëll. De Plang dohannert ass fir d'Dominanz vu Google beim Sichen ze briechen a mat engem Sproochemodell d’Aart a Weis, wéi mir eppes am Internet sichen ze veränneren. Esou soll am mam neie Bing (d’Sichmaschinn vu Microsoft) ee Gespréich féiere kënnen an esou zu de méi akkurate Resultater kommen. D’Gefor dobäi ass natierlech, dass wirtschaftlech Interesse bei esou Firmen am Vierdergrond stinn, wat dozou féiere kann, dass d’Gesellschaft sech opdeelt an déi, di sech KI leeschte kënnen an dem Rescht, deen ofgehaange gëtt, well se net mat KI schaffe kënnen.

Kann Chat-GPT de Proff ersetzen?

Ganz kloer Nee, behaapt op d'mannst mol de Patrick Remakel vum SNE. Do feelt dann awer den emotionale Bezuch zu dem Schüler. Eng Saach, déi och schonn an der Pandemie an dem Homeschooling diagnostizéiert ginn ass, dass de Mënsch besser léiert, wann een anere Mënsch ëm eppes bäibréngt an dat ass bei Kanner nach méi wichteg.

Allerdéngs kann eng KI eng Ënnerstëtzung sinn, esou wuel fir de Schüler wéi och fir deen, dee virun der Klass steet. Déi zwou Parteie kënne sech Exercicë generéiere loossen, wa keng méi do sinn an dat an deem Niveau, deen dat beschte Resultat bréngt. Och enger begleedend Roll vun der KI soll net ausgeschloss sinn, esou kann eng Maschinn méi séier Musteren entdecken an esou de Student op déi richteg Bunne leeden oder eben déi néideg Aufgabe stellen, fir dass ee méi séier dat Richtegt léiert.

Wat bréngt Zukunft?

Wann ee sech d’Entwécklung vun der KI ukuckt, esou ass déi exponentiell  an och do wësse mir säit der Pandemie, dass Saachen, déi sech exponentiell entwéckelen, och séier viruginn. Am Moment si mir do awer nach relativ um Ufank, a mat Hëllef vu Big Data, an der Computing Power, déi an de leschte Joren explodéiert ass an esou Modeller réischt méiglech gemaach hunn, kann ee sech sécher sinn, dass do nach vill kënnt.

Wat Science Fiction war a mir just vun Hollywood kannt hunn, dréngt lues awer sécher an eisen Alldag. Saache wéi ChatGPT brénge weisen dat ganz praktesch a loossen d’Ëffentlechkeet deels erféieren, wéi séier et geet. Op ze halen ass déi Evolutioun elo net méi, zwar kann ee mat engem Gesetz wéi d’Chineese scho säit 2018 eent hunn, op alles, wat net vum Mënsch kënnt, eng Etikett drop pechen, mee dat gëtt eng Course géint d’Maschinn, well et ëmmer iergendwou ee gëtt, deen eng Hannerdier kennt an esou ëmmer déi kënschtlech an déi richteg Intelligenz wäerten a Konkurrenz sinn.

Domat ass et wichteg, de Jonken ze léieren, wéi ee mat esou engem neien Handwierksgeschier sënnvoll ëmgeet, fir dass ee se an Zukunft fir déi richteg Aufgaben notzt an net fir d’Hausaufgaben.

Hei ee Beispill vum ChatGPT an Aktioun:

Titel: Chat GPT an Bildung: Chancen an Risiken

Zesummenfassung: Chat GPT ass e kënstelechen AI-Sproochmodell, dat vill Potenzialer an der Bildung huet, wéi zum Beispill automatesch Noten erteelen, Studiematerial generéieren an als virtuelle Tutore funktionéieren. Allerdéngs ginn et och Potenzial-Risiken, wéi Betrug an Plagiat, an d'Ëmweltbeeënträchtigungen an d'Méiglechkeet vu schiedlechen, schiedlechen Zwecker. Et ass wichteg, dass Lehrer an Schüler sech desen Risiken bewosst sinn an Chat GPT verantwortungsvoll benotzen, wärend si Schrëtt ënnerhuelen, fir dës Risiken ze reduzéieren.

Sektion 1: Iwwersiicht

Kuerz Iwwersiicht iwwer Chat GPT an seng Méiglechkeeten Wichtegkeet vu KI an der Bildung an seng Potenzial-Vir- an Noddeeler Thesis: Wéi Chat GPT de Potenzial huet, d'Bildung ze revolutiounéieren, ass et wichteg, d'Risiken ze berücksichtegen an et verantwortungsvoll ze benotzen.

Sektion 2: Virdeeler vu Chat GPT an der Bildung

Automatescht Noten a Feedback Generéieren vun Studiematerial an Zesummenfassungen Virtuelles Tutore a personaliséiertes Léieren Verbesserung vu Sproochniveau an Kommunikatiounsfäegkeeten

Sektion 3: Risiken an Uewenlegungen

Betrug an Plagiat Méiglechkeet vu schiedlechem Zweetzweck, wéi d'Schreiwen vu Code an d'Erstellung vu schiedleche Schadsoftware Ëmweltbeeënträchtigungen an Energieverbrauch Korrekte Anerkennung an Zitatioun vu Quellen

Sektion 4: Verantwortungsvoll Benotzen vu Chat GPT

Wichtegkeet vu Transparenz a etheschem Benotzen Verhënneren vu Betrug an Plagiat duerch Iwwerwaachung a Detektioun Fërderen vun verantwortungsvollem Benotzen an Ausbildung vu Schüler iwwer d'Risiken an Virdeeler vu KI Reduzéieren vun der Ëmweltbeeënträchtigung duerch energieeffiziente Rechnen an nohalteg Praktiken

Sektion 5: Schlussfolgerung

Résumé vun den Potenzial-Vir- an Noddeeler vu Chat GPT an der Bildung Betounen vun der Wichtegkeet vu verantwortungsvollem Benotzen an Bewosst sinn vun de Risiken Lescht Gedanken iwwer d'Zukunft vu KI an der Bildung an seng Potenzial-Vir- an Noddeeler.