
© RTL
D'Online-Plattform eBay verrechent zënter elo keng Taxen oder Provisioune méi op private Verkeef.
Vill Leit huet et an der Vergaangenheet nämlech ofgehale wéinst dëser Provisioun Saachen op eBay ze verkafen. Ganzer 11% goufe bis ewell dem Verkeefer nämlech ofgehalen, wann dësen eppes iwwert d'Plattform verkaaft huet. Huet een elo en Auto oder en anert deiert Stéck verkaaft, ass dës Zomm déi ofgehale gouf natierlech net vun der Hand ze weisen. Déi meescht alternativ Plattforme sinn iwwregens gratis, sou dass dëse Schrëtt an a fir sech näischt Besonnesches ass.
Et wéilt ee mat dësem Schratt nees méi Clienten unzéien, sou déi offiziell Explikatioun vun eBay. Et géif een nämlech och gesinn, dass Keefer, déi op eBay Produite kafen, duebel sou vill akafen, wann se och op der Plattform verkafen. Et erhofft een sech also méi Ëmsaz.
Dëst Ewechfale vun den Taxen a Provisioune gëllt allerdéngs just fir Privatleit, awer net fir Händler, déi d'Plattform wéi beispillsweis Amazon notzen. Dës Perte wäert bei eBay ronn 80% ausmaachen, dat wëll een duerch méi Verkeef nees kompenséieren.
Ebay-Kleinanzeigen ass jo schonn ëmmer gratis, ma huet awer, ausser dem Numm, näischt méi mam Betrib ze ginn. Den Numm dierf och just nach bis Mëtt 2024 genotzt ginn.