A 6 Entitéiten opgespléckt
Den Online-Shop Alibaba gëtt rekonstruéiert

© AFP/Archiv/STR
De chineeseschen Online-Shop Alibaba gëtt restrukturéiert an dofir a 6 verschidden Entitéiten opgespléckt, déi eenzel op der Bourse kéinte kotéiert ginn.
Dat huet de Betrib en Dënschdeg annoncéiert. De Maart wier dee beschten Test fir ze kucken, ob all eenzel Entitéit et fäerdeg bréngt, sech onofhängeg Kapital ze beschafen, esou de Chef vum Grupp. Esou soll nach méi Valeur geschaaft ginn, fir d'Aktionären a d'Kompetitivitéit vum Maart ugekuerbelt ginn.
Am meeschte gelies