Radioplayer schléisst een Deal mat Renault of

Renault Dashboard mat RadioPlayer Integratioun / © RadioPlayer & Renault
Domat ass ee weidere Schrëtt gemaach, datt Radioen aus 19 Länner hirem Programm eenheetlech an den Autoen disponibel kënne sinn.
Radioplayer ass eng international Technik-Léisung, un déi dausende vu Radioen ugeschloss sinn, dorënner och déi Lëtzebuerger Radiostatiounen. Dës Woch ass deen neien Accord virgestallt ginn, mat deem d'Informatiounen déi Radioen iwwert Radioplayer schécken an Zukunft och an de Modeller vu Renault zur Verfügung stinn.
Dësen neien Accord baut op d'Collaboratioun tëscht Radioplayer a Renault op, aus där schonn d'lescht Joer d' "Radioplayer for Renault" App entstanen ass. Déi Partnerschaft erméiglecht et fir Hybrid-Radio och beim franséische Constructeur ze integréieren, an den Nolauschterer iwwert dem Fuere méi Confort beim Lauschteren an zousätzlech Informatioune vum Radiosprogramm ze liwweren, dat e grad lauschtert.
Nieft de klassesche Radiosprogrammer kritt een esou och ouni vill Opwand d'Méiglechkeet, fir d'Webradioen oder d'Podcaste vun deene Sender ze lauschteren, direkt iwwert de Multimediasystem vum Auto, ouni datt ee säin Handy an de Grapp muss huelen. Eenzeg Viraussetzung ass, datt de Modell mat dem OpenR Link Multimedia System muss ekipéiert sinn, fir kënne mat der App gekoppelt ze ginn. Zukünfteg Modeller integréieren déi Funktionalitéit direkt an hir Autoradioen, dann ass keng App méi néideg, an den Autoradio schalt automatesch tëscht FM, DAB+ a Streaming hin an hir.
Mat dësem Accord kritt Radioplayer elo eng Integratioun a 50% vun den Autoen déi an Europa verkaf ginn.