En ongewéinlechen Asaz war et fir d'Police um Fluchhafen zu Stuttgart, do gouf e 5 Joer aalt Meedche vu sengen Elteren vergiess. Si ware schonn um Heemwee.

D'Meedche war e Méindeg den Owend de Sécherheetsbeamten opgefall, well et eleng an ouni Orientéierung um Fluchhafe ronderëm getrëppelt ass. D'Eltere goufen iwwert d'Hautparleuren ausgeruff, ma vun hinnen huet all Spur gefeelt.

D'Kand koum doropshin op de Policebüro vum Fluchhafen a Leinfelden-Echterdingen. Do huet d'Mamm kuerz Zäit drop ugeruff: D'Famill war aus der Vakanz zeréck a si si mat 2 Autoen Heem gefuer. Béid Elterendeeler sinn dovun ausgaang, dass d'Meedchen am Won vum anere souz. Eréischt doheem ukomm, koum de Schock-Moment.