Den Donald Trump ass jo bekannt fir säin groussen Ego. Ma e Bild vun him zesumme mat fréieren US-Presidente suergt fir witzeg Reaktiounen op Twitter.

Um Bild "The Republican Club" vum Andy Thomas, dat den Donald Trump selwer beim Kënschtler an Optrag ginn hat, mécht den aktuellen US-President op gutt Kolleg mat fréiere republikanesche Presidenten. D'Bild hänkt an engem vu senge Büroen am Wäissen Haus.

Drop ze gesinn: Den Donald Trump mat enger Diet-Cola, mat um Dësch sëtzen d'Ex-Presidenten George W. Bush, Ronald Reagan, George H.W. Bush, Abraham Lincoln, Dwight D. Eisenhower, Gerald Ford, Richard Nixon an Teddy Roosevelt. All mat engem grousse Grinsen am Gesiicht.

Ma et schéngt, de Kënschtler huet e geheime Message am Bild verstoppt. Kuckt ee méi genee, huet den Andy Thomas e klengen Detail verstoppt: Eng Fra an engem schwaarze Kostüm an enger wäisser Blus, déi Direktioun Dësch geet.

CNN huet nogefrot an effektiv, den Andy Thomas verréit am Interview, dass dat déi éischt weiblech republikanesch Presidentin wier.

Déi selwecht Fra hat de Kënschtler schonn am Bild "The Democratic Club" verstoppt.

Reaktiounen am Netz

Fir d'User op Twitter war et nees déi Geleeënheet, fir den Trump e bëssen an d'Lächerlecht ze zéien.

Hei e klenge Best-of vun den Tweeten: