Déi britesch Police sicht mat Hëllef vun engem Iwwerwaachungsbild no engem Brigang, deen an engem Restaurant Béier geklaut huet. Vill Leit hu reagéiert.

Nodeems d'Foto vum Brigang an de soziale Medien d'Ronn gemaach huet, hunn Dausende Leit am Mann de "Friends"-Acteur David Schwimmer erkannt. Um Bild gesäit een den Onéierlechen mat enger ganzer Këscht Béier aus engem  Restaurant am briteschen Blackpool trëppelen.

Och wann dausende Reaktioune no der Verëffentlechung bei der Police erakoumen - eleng op Facebook iwwer 165.000 Kommentaren - haten d'Beamte sech awer eppes ganz anescht erhofft. De Mann um Fahndungsbild mam Béier ënnert dem Aarm ass nämlech net deen, deen d'Leit all mellen - den David Schwimmer, bekannt fir seng Roll als Ross Geller aus der Erfollegs-Serie "Friends".

D'Police huet zwar Merci gesot fir déi vill Reaktiounen, ma de reelle Brigang hätt een nach net fonnt. Trotz allem hätte si awer iwwerpréift, wou den David Schwimmer zum Zäitpunkt vun der Dot war. Hie war net a Groussbritannien, mä an den USA.

Ma och den David Schwimmer selwer huet sech zu Wuert gemellt: "Ech schwieren, ech war et net". Ironescherweis post och hien dozou e klenge Clip vu sech, mat enger Këscht Béier am Grapp an engem Buttek zu New York. Hie géif de Beamten zu Blackpool awer vill Gléck bei der Sich nom Brigang wënschen ...#itwasntme.