Schoklasmousse, Schoklaskuch, Schoklasglace oder einfach e Stéck Schokla? Scho bei dem Gedanken drun, leeft ville Leckermailecher d’Waasser am Mond zesummen. A well d’Schwäizer Spezialisten an der Matière sinn, ass et hinnen och elo gelonge Schokla hirzestellen, dee bal keng Kalorien huet. Eng wonnerbar Neiegkeet fir all déi Glëschtereg!

Déi nei Zort heescht „Vulcano“ a kënnt vun der schwäizer Marque Barry Callebaut, déi och Alpia a Sarotti zu hire Wierker zielen. Bis zu 90% manner Kalorien, verspriechen d’Entwéckler.

„Die Schokolade schmilzt im Mund und nicht in der Hand...“ e Slogan mat deem eng aner Séissegkeete-Marque laang Reklamm gemaach huet. Mä deen neie „Vulcano“ schmëlzt egalwéi net an der Hand. Wann normale Schokla bei 30°C mëll gëtt, sou packt déi nei Sensatioun et bis op 55°C a fir déi z’erreechen, muss een dem Schäffchen oder der Sonn schonn zimlech no kommen.

De Fuerschungschef vun der weltwäit gréisster Schoklasfirma ass op jiddefall vu sengem Produit iwwerzeegt. „En ass zwar net esou zaart wéi Mëllechschokla, mä dofir awer häerzhaft a krokant.“ A wann e bis am Mond ass, zergeet och de „Vulcano“ wéi een dat gewinnt ass.