Se gesi jo léif aus a Gléck solle se och nach bréngen. Mä d’Leit un der Ostséi sinn am Moment guer net vun den Himmelsdéiercher begeeschtert. Zu honnerte setzen déi kleng Käferen op Sonneprabbelien, Still an Dëscher.

D’Grënn fir d’Invasioun schéngt kloer: d’Wieder ass gutt waarm-fiicht an et si vill Blat-Lais ënnerwee an déi hunn d’Himmelsdéiercher jo besonnesch gär. Vill kann een net maachen.

Gutt ze wëssen ass, datt déi kleng Krabbler vun der wäisser Faarf ugezu ginn. Weem et also bei deem Wieder net ze waarm ass fir sech schwaarz unzedoen, kann op dës Method zréckgräifen.