Dat wat vill Männer scho laang vermutt, a wahrscheinlech och gehofft, hunn, wëllen elo australesch Wëssenschaftler confirméiert hunn. Männer déi Problemer mat hirer Fruchtbarkeet hunn, deene kann elo einfach gehollef ginn – mat méi Sex.
Duerch heefege Verkéier soll d’Qualitéit vum Spera verbessert ginn. Mat „heefeg“ mengen d’Fuerscher 1 mol am Dag.

118 Häre si getest ginn. Bei 81% vun hinnen ass d’Zuel vun den abiméierte Spermien no enger Woch ëm 12% zréck gaangen. D’Dokteren hunn hinne während der Zäit vun der Étude deegleche Sex verschriwwen – an natierlech hu si sech dru gehalen – anscheinend mat Succès.