Zënter 1996 gëtt et d’Streck fir Thalys-Héichgeschwindegkeetszich tëscht Paräis a Bréissel – an op dëser Streck ass elo fir d’éischt Kéier e Puppelchen op d’Welt komm. E Méinde géint 13 Auer, kuerz virun der Arrivée zu Bréissel huet d’Mamm e gesond Meedchen op d’Welt bruecht, dat huet e Pressespriecher vun der Gesellschaft Thalys Internation matgedeelt. Eng hallef Stonn virum Accouchement huet d’Fra bei enger Vitesse vun 300km/h Wéie kritt. 

Am Zuch waren 2 Dokteren an 2 Infirmièren déi der Fra während der Gebuert zur Säit stoungen. Op der Gare zu Bréissel huet e medezinescht Urgencen-Team op Mamm a Meedchen gewaart a si an d’Klinik bruecht. Si sollen awer allen 2 a gudder Form sinn.

De Generaldirekter vun Thalys, den Olivier Poutrenaud huet deem klenge Meedchen als Kado fir d’Gebuert en „Thalys-Pass op Liewenszäit“ geschenkt.