Frae schwätzen einfach gär. Wahrscheinlech ziele si doduerch och heiansdo méi wéi si sollen. Mee am Contraire zu deem wat dacks behaapt gëtt, schwätze si net méi wéi d’Männer, éischter manner...

Et muss een allerdéngs soen, datt et ganz op de Kontext ukënnt. Männer ënnerhale sech méi intensiv wa si hirer Fra géigeniwwer stinn. Och mat Frieme kënne si laang Gespréicher féieren.

Frae fille sech méi wuel an der Präsent vun hire Bekanntschaften, egal ob Frënn, Noperen oder Aarbeschtskollegen. Besonnesch bekannt fir hir Längt si jo Telefonater tëscht Mamm a Meedchen. Dat sinn direkt 2 Fraen déi sech ganz no stinn an deemno och vill Informatioune wëllen austauschen. Mammen hunn zu hire Jongen zwar och dacks eng gutt Relatioun, mee dat Band ass net grad esou enk.

Egal ob jonk oder al, Frae schwätzen éischter iwwer perséinlech Saache wéi Famill, Gesondheet oder hire Bekanntekrees. Männer si sachlech. Et fält hinne schwéier hir Gefiller ze offenbaren an och géigeniwwer grousse Gruppe fille si sech onwuel.