Wahrscheinlech fillt sech all Fra an dëse Schung wéi d’Aschenputtel wou et endlechlech säi Prënz fonnt huet... 2004 huet de Moude-Designer Stuart Weitzman déi weltwäit deierst Schung, déi sougenannte „Cinderella Slippers“ creéiert. D’Cinderella war an dësem Fall d’US-Country-Sängerin Alison Krauss, dat dës kleng Meeschterwierker bei der Oscar-Iwwerreeschung iwwert de rouden Teppech spazéiere gefouert huet.

11.5cm héich Tallécken. Reng Diamanten. E grousse roude 5-Karat-Steen. Do giffe wuel vill Frae sech drëm streiden. Ëm de Präis awer wahrschienlech net: 1.5 Milliounen Euro sinn dach net geschenkt fir e puer Schung... Leider sinn d’High-Heels eemoleg an umoosse kann ee se och net. Dofir awer ukucken: Am Beverly Hills Museum a Kalifornien.

No der Oscar-Soirée 2004 hat iwweregens ni méi een dës exklusiv Sandalen un... wat eng Verschwendung...