D’Lauren Johnson war e ganz normalt 12jähregt Meedchen. Virun e puer Wochen hat hatt eng Erkältung mat engem kräeftege Schnapp. An zënter deem kann déi jonk Amerikanerin net méi ophale mat néitsen – bis zu 16 mol an der Minutt.

Weder Dokteren nach Psychologen hunn e Grond fir dem Lauren säi Problem fonnt. E Problem deen ëmmer méi zu enger reëller Belaaschtung gëtt, well wéi soll een aschlofen, wann een déi ganzen Zäit muss néitsen? Nëmmen am déiwe Schlof ass d’Lauren roueg. Mee och fir seng Mamm ass et schwéier, well natierlech gesäit si, wéi hir Duechter all Dag méi schwaach gëtt. An Tëschenzäit war d’Lauren esouguer scho bei enger Hypnose-Therapeutin, mee och si konnt näischt maachen. An an dësem Zoustand kann d’Meedchen net an d’Schoul goen...